Gewënner Tombola

Kontrolléiert är Nummer op ärem Ticket nach eng Kéier, gewonne hunn folgend Nummeren: 🙂

1.Präis: 00861  = 75€

2.Präis: 00348  = 50€

3.Präis: 00065  = 25€

Advertisements

Och dëst Joer suergen mir dofir, dass um Hüttengaudi keen hongereg an den Owend starten muss. Dofir zerwéieren mir ewei gewint eise Hüttengaudi Klassiker, esou wei och nei Platen.

Menu 1: Eis traditionell Raclette mat Gromperen an Speck a volonté fir 18€
Menu 2: Ganz nei ass eis Brettljause !! Mat diversen kalen tiroler Kéis an Fleeschspezialitéiten       zerwéiert mat Brout um Holzbriet fir 15€
Menu 3: Wienerwürstel mat Gromperenzalot fir 12 €

Eis Platen zerwéieren mir iech vun 19.00-22.00 Auer nëmmen op Reservatioun. An de Praiser ass den Entrée fir den Bal mat abegraff.

UPDATE! KENG RESERVATIOUNEN MEI FIR D´IESSEN MEIGLECH

Mir freeën eis op Iech
Jugend vu Biereng

Innenseite

Hüttengaudi Après-Ski Party Biereng

Event-Titel-Buddy2

Den 14ten Mäerz ass et rëm souwäit, an d´Jugend vu Biereng invitéiert op déi 8ten Editioun vun hirer legendärer Après-Ski Party!!
______________________________________

Um 19:00 Auer geet et lass mam Warm-Up & Iessen am klengen Zelt, wou mir iech mat Raklett à volonté, Wiener Würstel mat Gromperen Zalot oder eiser neier „Brettljause“ verwinnen!!
______________________________________

Um 22:00 Auer starten mir dann mat 50 L Freibeier am groussen Zelt esou richteg an den Owend. Fir déi richteg Stëmmung suergt ewéi gewinnt den DJ AL mat der beschter Après-Ski an Dance Musik ♫ (www.DJ-AL.com).
______________________________________

❆ Special Guest den BUDDY ! 😀

❆ 50 L Freibeier !

❆ Tiroler & Schwaitzer Spezialitéiten !

❆ Special Après-Ski Cocktails !

❆ Eenzegaarteg Après-Ski Deko & oppen Feier !

❆ Fotolounge by FTS.lu

❆ HÜTTENGAUDI WARM-UP @ Fabrik mam DJ AL
(21.02.15) (http://goo.gl/h41Mjp)

❆ Emile Weber Event Bus Service (http://goo.gl/P43XhI)

❆ Late Night Busser (http://www.latenightbus.info/)

______________________________________

Virverkaf: 5 €
Oweskeess: 8 €
______________________________________

Mir freeën eis op Iech
Jugend vu Biereng

Unmelldung Menuer Hüttengaudi 2014

Natirlech gett et och rem leckres ziessen fir de gudde Fong.
Eis Menuer sin à volonté (dat hescht dir kennt souoft nokréien wei der wellt) Preis as 13 Euro pro Menu. Serveiert gett ab 18 Auer.

Menu 1: Raclette mat Gromperen + Speck
Menu 2: Gulasch Zopp mat Brout
Menu 3: Wirschtescher mat Sauerkraut

Melt iech weg bis den 20 März 2014 iwert desen Formular un oder per Telefon op den 621 232 052 (16.00 – 18.00 Auer). Een Entreestickee zum Virverkaafspreis gett fir iech reserveiert wann der do iesst.

Hüttengaudi 2014

Plakat2014
Den 22ten Mäerz ass et rëm souwäit, dann inviteiert d´Jugend vu Biereng nees op hier legendär Après-Ski Party!!
❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆
Op Open Air mat oppenem Feier oder am gehetzten Zelt, hei kennt all Frënd vu gudder Stëmmung voll op seng Käschten. Fir bombastesch Stëmmung suergt wei gewinnt den DJ Al mat der beschter Après-Ski an Dance Musik ♫ (www.DJ-AL.com). Och dëst Joer nees mat allen Drinks déi een sech op enger Après Ski wënschen kann. Fir de groussen, wei och klengen Honger ass ab 18.00h beschtens gesuergt.
❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆Nei dest Joer:
✓ Warm-up Event mam DJ AL an der Fabrik zu Miersch !!
✓ Hüttii Shot by JvB !!
✓ Nei Location mat mei engem groussen Zelt !!

❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆❆

De Latenightbus fiert natierlech och, Fahrpläng fannt dir ënnert: www.latenightbus.info.

No a Maß, biddscheen – Oktoberfest zu Alzéng

Gleich gin rem iweral d’Oktoberfester lass an sou och dat greisst Oktoberfest aus dem Land zu Alzeng.
Dofir hun mir fir Samstes den 28 September een Bus aus der Mierscher Gemeng bis dohin organiseiert.

Den Trajet waer:
Moesdorf Kirch
Beringen Wäschbuer
Miersch Gare
Recken Ecole
Miersch Langheck
Rolleng Kirch

Mir waeren fir 20 Auer zu Alzeng an fueren de selwechte Parcours fir zreck. Depart zu Alzeng em 3.30 Auer. weivill Auer en op all Statioun as kent no. Aner Statiounen sen o Ufro och meiglech.

 

unmellen op carole_bettendroffer@yahoo.de